Autokino Belval
Déi 11. Editioun vum Autokino Belval, dës Kéier matten am Summer vum 31. Juli bis de 06. August um Parking Square Mile.
Um éischten Dag, freides den 31. Juli, war de Läb am Haus an huet bei tropeschen Temperature fir gutt Stëmmung gesuergt. Dono gouf de Film “Sawah” a Präsenz vum Regisseur Adolf El Assel gewisen.
Samschdes, den 01. August, war et dunn un District 7 fir de Belval ze rocken. Dono huet de Film “Onward” Grouss a Kleng begeeschtert.
An engem gutt gefëllten Autokino stounge sonndes den CHAiLD an de Maz fir déi éischte Kéier zesummen op der Bühn, éier de Film “Hustlers” um Programm stoung.
De véierte vu siwen Deeg Autokino stoung ganz am Zeeche vu Mad Fox, dem Vincent Vega a méi killen Temperaturen.
Méi uereg goung et dënschdes, de 04. August, zou, wou den Jonathan Portland & The Muffinboys souwéi de “Call of the wild” op der Affiche stoungen.
Grujeleg a pyschadelesch war et um Mëttwoch mat “The invisible man” an Only 2 sticks.
De leschten Owend vun der Editioun 2020 huet La Bofia a “Can you keep a Secret” gehéiert.