Nei Buergermeeschtesch
Um Méindegmoien, 13. Juli 2020, gouf d’Simone Asselborn-Bintz (LSAP) als Buergermeeschtesch vun der Gemeng Suessem vun der Inneministesch Taina Bofferding vereedegt. D’Simone Asselborn-Bintz ass an der knapp 220 Joer aler Geschicht déi éischt Fra un der Spëtzt vun der Gemeng.
Nom Depart vum Georges Engel, deen zénter November 2005 d’Geschécker vun der Gemeng geleed huet, gëtt den neie Schäfferot vum Steve Gierenz (LSAP) komplettéiert.
Wärend d’Simone Asselborn-Bintz ee groussen Deel vum Georges Engel senge Ressorten iwwerhëlt, ass de Steve Gierenz an Zukunft ënnert anerem fir d’Senioren, d’Ëmwelt an d’Maison Relais verantwortlech.
Hei fannt Dir de ganze Schäfferot mat sämtleche Ressorten