Vernissage “D’Liewen ass faarweg”
De Freiden, 24. Januar 2020 war am CIPA Résidence “op der Waassertrap” um Belval de Vernissage vun der Ausstellung “D’Liewen ass faarweg” a Präsenz vun den Artiste Nicole Bertrang, Eurydice Duplay, Sabrina Ernst, Cynthia Frantz, Rooble Muna, Feire Neima a Céline Galaz. Am Mëttelpunkt sti Wierker, déi am Atelier Faarf Fleck vun der Ligue HMC entstane sinn.
D’Ausstellung ass nach bis den 31. Mäerz ze gesinn, an der Woch vun 08.00 bis 18.00 Auer an de Weekend vun 10.00 bis 12:00 a vu 14.00 bis 18.00 Auer.