Preventiounswoch vun der Iwwerschëldung
D’Regierung organiséiert vum 28. Abrëll bis den 2. Mee 2025 déi drëtt Editioun vun der Nationaler Preventiounswoch vun der Iwwerschëldung. Dës Initiativ vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, an Zesummenaarbecht mat der Inter-Actions ASBL an der Ligue Médico-Sociale, huet zum Zil, d’Ëffentlechkeet iwwer d’Risike vun der Iwwerschëldung ze sensibiliséieren, d’Präventioun ze fërderen an op déi bestoend Hëllefsméiglechkeeten opmierksam ze maachen.
D’Iwwerschëldung gëtt nach ëmmer als Tabuthema ugesinn, mee ass eng Realitéit, déi all Mënsch betreffe kann, onofhängeg vum Alter, Beruff oder der Familljesituatioun. Si zeechent sech doduerch aus, datt et net méi méiglech ass, seng Scholden zréckzebezuelen oder seng Rechnungen ze begläichen. D’Ursaache si villfälteg: Aarbechtslosegkeet, Krankheet, Scheedung oder eng ongënschteg Budgetsverwaltung.
Am Laf vun dëser Woch ginn am ganze Land verschidde Mesuren ergraff gi fir d’Bierger·innen ze informéieren an ze ënnerstëtzen:
- Konferenzen an Atelieren: Et ginn Informatiounssessiounen iwwert Budgetsgestioun, Konsumenterechter an d’Prozedure fir d’Scholdereegelung ugebueden.
- Informatiounsstänn: Op verschidde Plazen am Land ginn et Informatiounsstänn, wou Broschüre verdeelt ginn an d’Leit kënne Froe stellen.
- Educativ Aktivitéiten: An de Schoule gi speziell Programmer organiséiert fir jonk Leit fir e verantwortungsvollen Ëmgang mat Geld ze sensibiliséieren.
D’Gemeng Suessem bitt zesumme mam Office social eng Ulafstell un. Dëse Service ass anonym, gratis, ouni Engagement a vertraulech. Méi Informatioune ginn et hei.