Appel à candidatures fir professionell Kënschtler·innen
Gemenge solle bei Neibauten, Rehabilitatiounen, Extensioune souwéi Transformatioune vu Gebaier, déi Public sollen empfänken, 1 Prozent vun de Baukäschte fir d’Integratioun vu Konschtwierker am Bau an an den Alentoure reservéieren.
D’Gemeng Suessem gesäit dofir als Bauhär an der neier Struktur fir Kanner zu Suessem – mat Schoul an SEA –, dem Complexe pour enfants Sanem, esou e Konschtwierk vir.
Bauzäit
Ufank : 26 August 2024
Achèvement : 9 Abrëll 2027
D’Attributioun leeft no enger Procédure de sélection restreinte avec publication d’avis.
En éischten Appel à candidatures ass oppe fir all professionell Kënschtler·innen am Beräich vun den Arts visuels, besonnesch déi mat de Spezialisatiounen Architekturkonscht, Molerei, Zeechnen, Grafik a Fotografie. Och Kënschtlergruppe sinn zougelooss a ginn als eng eenzeg Entitéit ugesinn.
Entdeckt d’Detailer vum Appel à candidatures andeems dir heirop klickt.
Leschten Delai fir d’Kandidatur ass den 30. Abrëll 2025.