Loosst iech net beducksen!
D’Sensibiliséierungscampagne vun der Police „Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen!” huet d’Zil, déi eeler Populatioun – d’Haaptzilgrupp vu Kriminellen – iwwert d’Risike vun aktuellen Arnaquen opzeklären.
Déi Kriminell kontaktéieren hir Affer iwwer Telefon, iwwer E-Mail oder gi bei si schellen. Hiert Zil ass et u Suen, Wäertobjeten oder perséinlech Informatiounen ze kommen oder hir Affer zu engem Suentransfert ze iwwerrieden. Dobäi versiche si hir Affer ze desorientéieren oder ze manipuléieren a si duerch psychologeschen Drock ze isoléieren. Si gi sech dacks als Mataarbechter·inne vun enger offizieller Institutioun aus, dorënner vun der Police, vu Ministèren oder vun der Gemeng. An eenzelne Fäll soen se, se géifen zu Famill oder Frënn gehéieren.
Rotschléi vun der Police:
• Gitt nimools Informatiounen oder perséinlech Donnéeën u Friemer weider, och net, wann Dir iwwer E-Mail, SMS oder aner Noriichtendéngschter gefrot gouft.
• Klickt nimools op ee Link, deen Iech vun enger onbekannter Source geschéckt ginn ass.
• Sieft mësstrauesch bei Noriichten oder Uriff, déi eng séier Reaktioun vun Ärer Säit erfuerderen.
• Loosst Iech nimools zu enger Bezuelung oder engem Transfert vun Ären Donnéeën drängen an huelt Iech ëmmer Zäit, esou Fuerderungen ze hannerfroen.
• Préift ëmmer, ob d’Noriicht perséinlech un Iech geriicht gouf, oder ob Iech e Feeler oder eng falsch Iwwersetzung opfält.
• Sieft Iech bewosst, dass seriö Organisatiounen a Betriber Iech nimools opfuerderen, perséinlech Donnéeën iwwer E-Mail ze schécken.
D’Police huet eng Partie Videoen am Kader vun der Campagne publizéiert:
• Bedruch mat falscher Identitéit
• Phishing
• Schockuriff