Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
21/03/2025

Startschoss fir de Sportzenter um Belval

E ganze Koup Bäll goufen dëse Freiden, 21. Mäerz 2025 zesummen op de Gol geschoss, fir den Optakt vun den Aarbechte ronderëm den neie Sportzenter um Belval ze feieren.
 
A Präsenz vun de Ministere Yuriko Backes, Claude Meisch, Georges Mischo a Stéphanie Obertin, souwéi der Directrice vum Fonds Belval Daniela Di Santo, Deputéierten a Membere vum Suessemer Schäffen- a Gemengerot, huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz an hirer Ried ënnerstrach, dass dëse Centre sportif dofir suerge wäert, dass d’Liewensqualitéit um Belval an och iwwer d’Grenze vun der Gemeng eraus héich gehale gëtt. Besonnesch jonk Leit bräichte Plazen, wou een sech begéint, sech beweegt, a wou een säi Sport ausübe kann. De Nelson Mandela hätt scho gesot: “Sport huet de Pouvoir, fir d’Welt ze veränneren. En inspiréiert a vereent Mënschen op eng eenzegaarteg Manéier.”
 
Dëse Sportzenter ass ënner anerem fir d’Schoule geduecht, dorënner d’Lycéeën aus dem Süden an natierlech d’Universitéit. Donieft kréien d’Kanner aus dem Fondamental aus der Suessemer Gemeng, sou wéi et am Gesetz virgesinn ass, Unitéiten an der Schwämm. Och d’Veräiner an d’Sportfederatiounen, souwéi déi zukünfteg Trainerinnen an Trainere sollen hei hir Plaz kréien, an do wou et méiglech ass och de Grand Public. Coursen an Aktivitéite sollen ënner beschtméigleche Bedingunge stattfannen, an de Virwëtz an d’Ausprobéiere solle gefërdert ginn.
 
Direkt nieft dem Lycée Bel-Val an dem Park um Belval wäert den Zenter ënner anerem aus enger grousser Multisporthal, 3 Basengen, enger Klotermauer an elauter Baussenterraine bestoen. Och en Jogging- a Fitnessparcours gehéiert dozou. Déi geplangte Bauzäit ass 36 Méint.
 
 

© Le Fonds Belval
© Le Fonds Belval







 
 

Zréck