Neit ASBL-Gesetz
Dat neit ASBL-Gesetz trëtt den 23. September 2025 a Kraaft. Fir den Associatioune bei der Konformitéit ze hëllefen, stellen de Familljeministère an d’Agence du Bénévolat eng Rei praktesch Ressourcen an Informatiounen zur Verfügung (klicken!).
– Eng Virlag vun neie Statuten, déi d’Veräiner als Basis fir hir Statuten huele kënnen
– En Erklärungsvideo
– E praktesche Guide
– E FAQ mat den heefegste Froen
Donieft invitéieren de Ministère an d‘Agence, a Presenz vum Familljeminister Max Hahn, op véier Informatiounsversammlungen zum neien ASBL-Gesetz, ëmmer ëm 19.00 Auer:
– Méindes, de 17. Mäerz 2025 am Centre Atert zu Bartreng
– Donneschdes, de 24. Abrëll 2025 am Hall-O zu Déifferdeng
– Mëttwochs, den 21. Mee 2025 am Sall Agora am Trifolion zu Iechternach
– Dënschdes, de 17. Juni 2025 am Centre Culturel Al Schmelz zu Stengefort
All Versammlunge sinn op Lëtzebuergesch. Une traduction en français est assurée. Zu Stengefort wäert et och eng Iwwersetzung op Gebäerdesprooch ginn.
Fir all weider Froe gëtt et vum 19. Mäerz 2025 un och eng Telefonshotline (26 12 10 80), wou d’Veräiner all Mëttwoch tëschent 14.00 a 17.00 Auer uruffen a vun engem Jurist Äntwerten op hir Froe kréie kënnen.