13/02/2025
Aarbechten tëscht Zolwer an Déifferdeng
Am Rond-point tëscht Zolwer an Déifferdeng gëtt ee Bam ëmgehaen.
- Start vun den Aarbechten: Dënschdeg, den 18. Februar 2025
- Dauer vun den Aarbechten: +/- vun 08:00 bis 16:00
Am Rond-point gëtt eng Spuer gespaart an de Verkéier gëtt mat Luuchte gereegelt. De Busarrêt Cité Kauffman (Richtung Esch) gëtt virun d’Haiser Nr. 253 bis 255 verluecht. Den Zougang zur Cité bleift iwwer d’Rue Henri Bessemer zu Déifferdeng garantéiert. Op der Plaz wäert eng Deviatioun gezeechent sinn.
Bei weidere Froe kann de Service Technique ënnert der Telefonsnummer 593075 – 477 oder via E-Mail op secretariat.technique@suessem.lu kontaktéiert ginn.