10/02/2025
Route barrée tëscht Bieles an Uewerkuer
D’N31 tëscht Bieles an Uewerkuer gëtt vum Méinden, 17. Februar bis de Mëttwoch, 19. Februar 2025 gespaart. Op där Streck gi Beem laanscht d’Strooss ëmgehaen.
De betraffene Streckenofschnëtt gëtt déi dräi Deeg vun 9.00 bis 16.00 Auer gespaart. Eng Deviatioun ass virgesinn.