23/01/2025
Rue de Hussigny zu Bieles gespaart
D’Aarbechten an der Rue de Hussigny zu Bieles tëscht den Haiser 29 a 45, fir Beem ëmzehaen, gi verlängert.
- Dauer vun den Aarbechten: bis den 31. Januar 2025
D’Rue de Hussigny gëtt am betraffene Stroossenofschnëtt vu méindes bis freides tëscht 8.00 a 16.30 Auer vollstänneg fir de Verkéier gespaart. Den Zougang fir Foussgänger·inne bleift wärend den Aarbechte garantéiert. De Centre de récréation Gaalgebierg ass wärend dëser Zäit also just zu Fouss erreechbar.
Bei weidere Froe kann de Service Technique ënnert der Telefonsnummer 593075 – 477 oder via E-Mail op secretariat.technique@suessem.lu kontaktéiert ginn.