Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
23/12/2024

Silvester ouni Freedefeier

E Freedefeier kann trotz spektakulärem Bild an Toun een héije Präis fir Ëmwelt, Gesondheet an eis Véierbeener hunn. Beim Verbrenne gi Partikele vu gëftege Gase wéi CO₂, CO, SO₂ an NOₓ fräigesat, déi d’Loftqualitéit staark verschlechteren. Dës Partikele kënnen déif an d’Longe wanderen a fir vulnerabel Persoune geféierlech ginn.
 
E Freedefeier vun 30 Minutte ka bis zu 1,5 Tonnen CO₂ emittéieren, wat enger Distanz mam Auto vu +/- 12.000 Kilometer entsprécht. D’Schwéiermetaller, déi responsabel fir déi fir d’Faarwe beim Freedefeier responsabel sinn, verschmotze Buedem a Waasser. Och d’Déiere wéi Villercher oder aner nuetsaktiv Wiese leiden ënnert dem Kaméidi an de Blëtzer. Konsequenzen dovunner kënne Stress oder den Dout vun den Déiere sinn.
 
D’Gemeng Suessem erënnert am Kader vu Silvester drun, dass all Freedefeier ausdrécklech vun der Buergermeeschtesch autoriséiert muss ginn. Mir encouragéieren iech, d’Police-Reglement ze respektéieren an no méi ëmweltfrëndlechen Alternativen ze sichen.
 
 

 
 

Zréck