Ëmmer am Bild zu Éilereng
Um Mëttwoch 11. Dezember 2024 gouf den tactilen Ecran zu Éilereng bei der Kierch installéiert, a ka vun elo u benotzt ginn.
Genee wéi op den aneren digitalen “Totemen” zu Zolwer beim Artikuss a virun der Gemeng zu Bieles fënnt een déi wichtegst Gemengeninformatiounen drop, woubäi de System un d’Websäit vun der Gemeng gekoppelt ass.
Zu de verfügbaren Inhalter zielt de virtuelle Reider, den Agenda an och d’Highlights aus der lokaler Aktualitéit. Esoubal een den Ecran mat de Fanger beréiert, kann een de gewënschte Menu-Punkt auswielen, an ähnlech wéi um Handy oder um Tablet-Computer scrollen, swipen a zoomen.