Traditionell Bärbelefeier
D’Gemeng Suessem, zesumme mat der Amicale vun de Pompjeeën, der Société culturelle pour la sauvegarde de la tradition du mineur an der Bieleser Musek, hat de Sonndeg, 1. Dezember 2024 eng feierlech Zeremonie zu Éiere vun der Patréinerin vun de Minnenaarbechter an de Pompjeeën organiséiert. D’Evenement huet mat der traditioneller Néierleeung vun enger Gerbe bei der Kapell vun der Sainte-Barbe zu Bieles ugefaangen. Duerno goung et am Cortège weider bei d’Kultur- a Geschichtshaus A Gadder, fir den offiziellen Deel vum Programm. D’Schäffin Nathalie Morgenthaler an de President vun der Amicale Steve Dadario hunn an hire Rieden d’Bedeitung vun dëser Traditioun fir déi kollektiv Erënnerung ervirgestrach.