Centenaire an der REWA
1924 ass de russesche Revolutionär Lenin gestuerwen, d’Autosmark Mercedes-Benz gouf gegrënnt, d’Belsch huet d’8-Stonnen-Schaffwoch agefouert an zu Paräis waren déi olympesch Summerspiller, déi éischte Kéier mat Fraen an der Lëtzebuerger Delegatioun… an zu Esch/Uelzecht an der Kanalstrooss gouf den 28. November 1924 d’Thérèse Marie Wenzel gebuer.
A Präsenz vum Familljeminister Max Hahn, der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz, de Schäff·innen Nathalie Morgenthaler a Steve Gierenz, souwéi dem REWA-Direkter Alain Willet krut d’Madamm Wenzel den 28. November 2024 an der Résidence Op der Waassertrap zu Bieles ganz häerzlech fir den 100. Gebuertsdag gratuléiert. Vun hirer Duechter Béatrice iwwer hir Enkelin Caroline bis bei hiren Ur-Enkel Milo (Joergang 2018) war och d’Famill versammelt, wéi si d’Médaille en vermeil (Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg) ugespéngelt krut.
D’Thérèse Wenzel wunnt schonn 30 Joer laang an eiser Gemeng, an déi geléiert Néiesch hält sech mat Scrabble fit.
Fotoen: Max Staus