27/09/2024
Zweet Ronn fir d’Quartiersfest
Am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewe war de Freiden, 27. September 2024 déi zweet Editioun vum Quartiersfest Geessewee. Mir soen alle Famillje Merci, déi mat dobäi waren, egal ob fir t’éischt oder zweet. D’Kanner hunn eng grouss Freed gehat fir Postkaarten ze molen a mat Stickeren ze verschéineren. Zur selwechter Zäit kruten d’Participant·innen Erklärungen, wéi se hiert eegent Quartiersfest an Zukunft selwer kënnen organiséieren. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editiounen.
Fotoen: Max Staus