26/09/2024
Stee vu Gefierer
D’Gemeng Suessem huet zwee Gefierer aus dem kommunale Fuerpark ze versteeën – een Häckseler an een Trakter:
- Mark: Schliesing (300MX, 1155h, Motor Kubota Turbo Diesel 35kW)
- Am Gebrauch zanter 2009
- Zoustand: tel quel
- Referenz: KE5910
- Mark: Holder (C270, 942h, Motor Kubota Turbo Diesel 49kW, 4 suppl. Rieder, Salzstreëer, Schnéiplou, Groussbehälter)
- Am Gebrauch zanter 2011
- Zoustand: tel quel
- Referenz: LH5177
Falls Dir un engem Gefier interesséiert sidd, an eng verbindlech Präisoffer maache wëllt, recommandéiere mir Iech eng Inspektioun am Service technique.
Delai fir d’Offer: 24. Oktober 2024
Adresséiert Är Offer wgl. u mail@suessem.lu mat Ärem Numm, Ärer Adress, enger Telefonsnummer, enger E-Mail-Adress an der Referenznummer.
Weider Informatioune kritt Dir ënnert der Telefonsnummer 59 30 75 – 928 oder via garage@suessem.lu.