Ofstëmme bei „Pimp my Bushaischen“
Beim Concours „Pimp my Bushaischen“ geet et drëms, den Haisercher bei den Arrêten am ëffentlechen Transport e besonneschen Touch ze ginn. Ënnert deem Motto war d’Aktioun och eng éischt Kéier bei der Europäescher Mobilitéitswoch am September 2016 lancéiert ginn. Schonn deemools war dëst e grousse Succès bei alle Bedeelegten. D’Theema vun der Mobilitéitswoch ass dëst Joer „Gedeelten ëffentleche Raum“, an all eragereechte Projete spiggelen dat och erëm.
Fir déi kreatiivsten Iddi ze belounen, brauche mir är Hëllef. Stëmmt op eiser Facebook-Säit mat of a gitt deem Projet en „Like“, deen iech am beschte gefällt. Eng Jury bewäert d’Projeten donieft och nach.
D’Gewënner·inne ginn de Samschdeg, 21. September 2024 um Mobilitéitsdag op der Place de l’Indépendance zu Zolwer ausgezeechent (géint 11.00 Auer).
Arrêt Gemeng – Route d’Esch zu Bieles
Arrêt Mairie/Poste – Rue de la Poste zu Bieles
Arrêt Roudewee – Chemin Rouge zu Bieles
Arrêt Metzerlach – Rue Metzerlach zu Bieles
Arrêt Zentrum – Rue d’Esch zu Suessem
Arrêt Belval Lycée – Rue de l’Usine zu Bieles
Arrêt KUSS – Scheierhaffstrooss zu Zolwer
Arrêt Brill – Route d’Esch zu Bieles
Arrêt Postschoul – Rue de la Poste zu Bieles