Route barrée an der Rue de Mondercange zu Éilereng
D’Firma Lisé et fils ass mat den Aarbechten an der Rue de Mondercange zu Éilereng beoptraagt ginn. Et gëtt eng provisoresch Couche tëscht den Haiser Nummer 8 a 17 geluecht.
Start vun den Aarbechten: E Mëttwoch, de 17. Juli 2024
Dauer vun den Aarbechten: vun 7.30 bis +/- 19.00 Auer
Wärend der gesamter Dauer vun den Aarbechten si Parken an de Verkéier laanscht de Chantier verbueden. Falls néideg, sollen d’Autoe virum Start vun den Aarbechte baussent dem Chantier ofgestallt ginn. D’Busarrête laanscht d’Rue de Mondercange wäerten net ugefuer ginn.
Zousätzlech Informatioune gëtt et beim Service Technique vun der Gemeng Suessem um Telefon 593075 – 477 oder via E-Mail op secretariat.technique@suessem.lu.