Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
21/05/2024

Diversity Day Formatioun

Am Kader vum Diversity Day 2024 huet d’Personal vun der Gemeng Suessem zesumme mat der Buergermeeschtesch un der Formatioun „Umgang mit gehörlosen und schwerhörigen Menschen“ deelgeholl. Gehale gouf se de 14. an 21. Mee 2024 vun der Hörgeschädigten Beratungsstelle an organiséiert vum Chancëgläichheets- an Diversitéitsservice vun der Gemeng.
 
D’Personal huet dës Formatioun als beräicherend empfonnt a war begeeschtert vum Formateur Romain Heintz senger Aart a Weis fir komplex Theemen op eng verständlech a lieweg Manéier ze vermëttelen. Besonnesch Theemen, déi behandelt goufen, waren d’Benotzung vu Gebäerdesprooch, déi wichtegst Reegele fir eng effikass a respektvoll Kommunikatioun an Alldagssituatiounen an d’Notzung vun techneschen Hëllefsmëttel, déi den Alldag vu Leit mat Héierbeanträchtegungen erliichteren. Mat dësem neie Wësse beméit sech d’Personal, den Alldag vun eise Matbierger·inne méi inklusiv a verständnisvoll ze gestalten.
 
 









 
 

Zréck