Workshop „Leschte Wëllen“
Wien huet net schonns iwwer säi Liewensenn nogeduecht, a wéi dëst oflafe soll? Dir frot iech, wéi dir är Wënsch schrëftlech festhale kënnt?
Omega 90 stellt iech an engem interaktive Workshop d’Dokumenter zur Vertrauenspersoun, dem Advance Care Planning an der Patienteverfügung ausféierlech vir.
De Workshop dauert 3 Stonnen a gëtt eemol am Dag an eemol owes organiséiert, béid Kéieren am Hochzäitssall an der Gemeng zu Bieles:
- E Mëttwoch, de 24. Abrëll 2024 vun 9.30 Auer bis 12.30 Auer,
- En Donneschdeg, de 25. Abrëll 2024 vun 18.30 Auer bis 21.30 Auer.
D’Workshops sinn op Lëtzebuergesch. Et muss een·t sech bis de 17. Abrëll 2024 iwwert senior.plus@suessem.lu umellen oder iwwer Telefon um 59 30 75 631.