WG mat abordabelem Loyer fir Jonker
Den 31. Mee 2023 gouf zu Zolwer op Nummer 29 an der Éilerenger Strooss dat éischt Haus, dat de WG Projet vun der LIFE asbl kaf hat, offiziell ageweit. Dës Wunngemeinschaft an eiser Gemeng ass speziell fir Jonker geduecht, déi ab engem Loyer vu 450€ de Mount inklusiv Chargen d’Méiglechkeet kréien, hir Existenz opzebauen. Déi 7 Schlofzëmmeren hunn all en eegent Buedzëmmer, an et gëtt donieft zwou Kichen an zwou Stuffen.
Déi ekologesch Renovatiounsaarbechten – inklusiv Solarthermie a Reewaasseranlag – hunn dräi Joer gedauert. Den Logementsministère huet 75% vun de Gesamtkäschte gedroen, an duerch e Subside vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte konnt d’Hausse vun den Baupräisser opgefaangen ginn. Weider Käschte ginn iwwert e Prêt finanzéiert, dee vun enger Zënsbonifikatioun duerch Etika asbl profitéiert, an duerch d’Loyeren ofbezuelt gëtt.