Ännerungen am Parkkonzept vun der Gemeng Suessem
Säit 2019 gëtt et an der Gemeng Suessem e Parkraummanagement. Dëst Konzept gëtt op den 1. Abrëll 2022 erweidert. Ënnert anerem wäerten d’Rue de la Poste an d’Rue du Stade zu Bieles an dëst Konzept agebaut ginn, ma och beim Zolwereck gëllt et an Zukunft un den Disk ze denken.
D’Parkkonzept vun der Gemeng Suessem gesäit net nëmmen d’Aféiere vu Zone mat “Stationnement résidentiel” oder “Parking payant” vir, mee och d’Parke mat engem Disk.
Zil vun dëser Reglementatioun ass a bleift et den Awunner·innen et méi einfach ze maache fir no un hirer Wunneng ze parken a gläichzäiteg och den ëffentlechen Transport an déi douce Mobilitéit ze fërderen.