Amphibienexkursioun
Wat quaakt op der Gadderscheier?
D’Gemeng Suessem an de SICONA invitéieren op d’Exkursioun zu de Weieren “Op Gadderscheier”. Mir weisen Iech d’Fräschen an d’Molchen déi hei liewen, nieft aneren Déieren a Planzen an a ronderëm d’Weieren. Mir erzielen Iech wéi des Déiere liewen, a wéi de Site entstanen ass.
Dir braucht fest Schong oder Stiwwelen, jee no Wiederkonditiounen. D’Féierung ass op Lëtzebuergesch an dauert zirka 2 Stonnen.
Umeldung: administration@sicona.lu oder Telefon 26 30 36 25
Klickt hei fir de geneeën Treffpunkt an der Zone Industrielle Gadderscheier.
Klickt hei fir déi offiziell Invitatioun.